Campagne Healthcareers

Wéinst dem Wuesstem an der Alterung vun der Gesellschaft ass et wichteg, an den nächste Jore weider Jonker an d'Gesondheetsberuffer unzezéien. Begeeschtert, energesch an éiergäizeg Leit wäerten de Gesondheetssystem weiderbréngen an de Patienten déi beschtméiglech Fleeg bidden.

D'Promotiounscampagne healthcareers.lu gouf den 2. November 2022 gestart. Dës Campagne soll wärend e puer Joer d'Villfältegkeet an d'Komplexitéit vun de Gesondheetsberuffer ervirsträichen, de Secteur opwäerten an d'Leit, besonnesch déi Jonk, dozou ureegen, dëse beruffleche Wee anzeschloen.

Am Kader vun dëser Campagne hieft eng éischt Serie mat zwielef Videoen d'Beruffer vum Infirmier, vum Aide-soignant a vun der Hiewan ervir. An enger zweeter Serie, déi an der Maach ass, wäert et ëm weider zu Lëtzebuerg reglementéiert Gesondheetsberuffer an och ëm medezinesch Beruffer goen. Zousätzlech zu deene Videoe bitt eis Plattform Beruffsbeschreiwunge grad ewéi e Blog mat weideren Interviewen.

D'Campagne healthcareers.lu ass a sozialen Netzwierker ewéi Facebook, Instagram, LinkedIn a YouTube aktiv. Donieft ginn et Aktioune bei Foirë fir Schüler a Studenten oder bei Porte-ouverten an Orientéierungsdeeg a verschiddene Lycéeën am Land mam Zil, d'Gesondheetsberuffer ze fërderen an opzewäerten.

D'Plattform healthcareers.lu gëtt vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet verwalt. Dës Initiativ gouf an enker Zesummenaarbecht mat den Acteure vum Gesondheetsdësch entwéckelt. Si gëtt ënnerstëtzt vum Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend a vum Ministère fir Fuerschung an Héichschoul.