Den Hëllefs- a Fleegesecteur

Den Hëllefs- a Fleegesecteur

Den Hëllefs- a Fleegesecteur bitt jonken Diploméierten eng Villfalt u Karriärsméiglechkeeten. Am Fokus vun der Aarbecht an dësem Secteur stinn déi tëschemënschlech Bezéiungen. Dat ass och ee vun den Haaptgrënn, wisou d'Personal dësem Beräich an der Reegel wärend senger ganzer berufflecher Karriär trei bleift. D'Fleeg an d'Betreiung vu Persounen iwwert e puer Méint oder Joren erméiglecht den Opbau vun enger Bezéiung, déi op richtegem Vertraue berout. Fir eng optimal Betreiung ze garantéieren, bestinn déi zoustänneg multidisziplinär Equippen ë. a. aus Aide-soignanten, Infirmieren oder och nach Therapeuten. 

De Secteur ëmfaasst verschidden Aktivitéitsberäicher:

  • Wunnstrukture fir eeler Leit;
  • Dagesfoyere fir ofhängeg Persounen oder Persoune mat enger 
  • Betreiung doheem fir Persoune vun all Alter;
  • Wunnstrukture fir Persoune mat enger Beanträchtegung;
  • psychiatresch Servicer ausserhalb vum Spidol.

Wärend der gesamter Karriär ginn eng sëllege Méiglechkeete gebueden:

  • Favorabel Konditioune beim Loun (Zouschléi, Primmen) a Berécksiichtegung vum Gläichgewiicht tëscht Beruff a Privatliewen (Congé, speziell Congéen, zousätzlech altersgebonne Congésdeeg ...), flexibel Aarbechtszäiten;
  • Ausbau vun de Kompetenzen duerch Weiderbildung;
  • Méiglechkeeten, de Posten ze wiesselen oder, jee no verfügbaren Optiounen, innerhalb vun der Karriär ze evoluéieren, mat der Unerkennung vun der gesammelter Erfarung am SAS-Secteur;
  • Eng reegelméisseg Gehaltsupassung op der Grondlag vun enger offizieller Gehältertabell.

Wunnstrukture fir eeler Leit :

Wunnstrukture fir eeler Leit sinn Strukturen an deenen eeler Leit wunnen an do, vu multidisziplinären Ekippe betreit a versuergt ginn. D'Residentë liewen an enger Communautéit an hunn d‘Méiglechkeet un individuellen- a Gruppenaktivitéiten deelzehuelen. Si gi vu multidisziplinären Ekippe betreit, déi aus Therapeuten, Infirmieren, Aide-soignanten a sozio-familiär Hëllef bestinn, déi Basisversuergung, Infirméiersversuergung a Palliativversuergung bereetstellen.

Indications salariales:

Dës Donnéeën entspriechen dem Bruttoloun pro Mount, baséiert um Punktewäert vum 1. August 2022 (21,20023 €).

Zousätzlech gesäit d'CCT-SAS-Konventioun Follgendes vir: 

  • 13. Mount;
  • Zouschlag fir Nuetsaarbecht (25%), um Weekend schaffen (70% um Sonnden) an um Feierdag schaffen (200%);
  • Kompenséierung fir geleeschte Permanencen.

Am Sozialberäich ass d'Grondlag fir d'Gehälter de Kollektivvertrag fir d'Salariéen aus dem Hëllefs- a Fleegesecteur an aus dem Sozialberäich (CCT SAS – Convention collective de travail pour les salariés du secteur d'aide et de soins et du secteur social).

Sämtlech Léin am Tableau hei ënnendrënner si Bruttoléin pro Mount, deenen hir Basis de Punktewäert vum 1. August 2023 (22,27328€) ass. Dat heescht zum Beispill, datt en Aide-soignant (Karriär C3) am Ufank vu senger Karriär 162 x 22,27328 = 3.608,27 € verdéngt.

Beruff Karriär Punkte Karriärsufank Punkte Karriärsenn Bruttoloun pro Mount-Karriärsufank Bruttoloun pro Mount-Karriärsenn
Aide-soignant C3 162 306 3.608,27 € 6.815,62 €
Diploméierten Infirmier C5 237 412 5.278,77 € 9.176,59 €
Infirmier an der Pediatrie, Infirmier an der Psychiatrie C5* 252 427 5.612,87 € 9.510,69 €
Ergotherapeut, Infirmier gradué am Spidol, Kiné, Laborant, Orthofonist, Psychomotoriker C6 321 496 7.149,72 € 11.047,55 €
Gesondheetsberuffer mat Master-Ofschloss C7 354 520 7.884,74 € 11.582,10 €